You are currently viewing 1. Airport Hopping to Canada

1. Airport Hopping to Canada

Et ass nees sou weit, et kann een nees bëssi méi weit reesen.

Mir hunn ons wirklech zu Zeit um 8 Auer Moies um Findel getraff. An stellt iech fir ech war och wirklech mat Zaiten do 🤪 Mat vill Rou an ouni Stress ass et op Frankfurt gangen. Do ukomm ass mol fir deischt staark gebremst ginn. Mat vill Elan hunn mir missten den Terminal wieselen..gesprint sinn mer…Trappen erof an erem erop… schlussendlech haten mer nach masseg Zait fir 10Minuten an der Rei ze stinn fir en Sandwich ze kaafen an op eisen verspeitenen Fluch ze waarden.

Zu Vancouver sinn mer dunn schnell duerch den ganzen Flughafen gesprinnt fir datt mer net ze laang an der Reih fir Immegratioun stoen missten.Naja ausser ons 4 an engem aalen Chinese, huet awer keen een weideren Inlandsflug deen Moment gemaach a sou waren mir nees bëssi ze freih bei onsem läschten Vol Richtung Calgary.

Ukomm waren mer sëcher datt ons Valise mat deenen schnellen Wiechslen zwëschen den Volen net ukomm wieren.Pustekuchen!Alles einwandfrei wéi der och op der Foto kënnt gesinn🤪.

Mat onsem riesegen Schëff sinn mer dann mol vum Flughafen iwwert den Hotel an Stadt gefuer.Hei a Kanada kann een iwwert Stroosen rennen, ech sinn mol nie die 50Meilen/Stonn an der Stadt gefuer!An der 17 ave sinn mer dunn no 26 Stonnen Rees nach duerch Stroos flanéiert a bei den Etiopier iessen gaangen.Mega!Kann daat nëmmen weideremfehlen! –> Habesha

Schreibe einen Kommentar