Zu Banff hunn mer 3 Nuechten verbruecht.
1.Daag Banff
Moies nom Frühstück hunn mer den Sulphour Moutain an Ugrëff geholl.Et war een Traul deen 6 km bis rob op den Peak vun Bierg gaangen ass.Vill Déieren hunn mer ënnerwee gesinn…Moustiquen!Mä och Streifenhörnchen, Murmeldéieren, Kawwechelchen an Kannéngecher.Vue ass natirlech vun Serpentine zu Serpentine besser ginn.




Uerwen um Grad vum Bierg huet sech Bild geännert, manner idyllësch a méi Leit.9/10 Leit huelen wuel Gondel fir erop, an et ass schéin “accessible” gemaach ginn.



2.Daag Banff
2ten Dag BANFF
Nodeems mir d Been vun eisem 12 km Trail e bëssen schwéier haten, hunn mir eis geduecht elo bëssen eis Äerm ze trainéieren. Kanu stoung um Programm, laut Verléi kann een deen Tour den mir ausgewielt hunn, an 30 min maachen. Mir huelen d’Spannung eraus mir hunn definitiv méi laang gebraucht. Eisen Fotograph huet méi Foto- an Videomaterial wéi den Tour eigentlech gedauert huet. D’ Dany den Fotograph hat eng einfach Roll an huet sech ëmmer erëm dovunner gedréckt ze paddelen. Et kann sinn dass den Marc elo Äerm huet wéi nach ni!


D’ Richtung halen an no fir paddelen klengt einfach, wat maachen mer awer, wann bis en Biberdamm kennt? Ganz einfach hunn mir geduecht: Riets ass en klengen Wee, mir hiewen den Kanu raus an setzen en nomDamm erëm op d’ Waasser. Einfach gesot, schwéier ëmsetzbar, jiddereen hat d’ Feiss voller Bulli, mee et huet geklappt. Mir paddelen also weider, Dany huet sech alt erëm eng Paus geholl, an filmt deen nächsten Biberdamm. Déi Leit déi eis entgéint kommen, fueren iwwer den Damm. Technik kuerz ugekuckt an Zack maachen mir et och esou, alles huet gutt geklappt, bis mir um groussen Séi waren. Wonnerschéin Aussiichten awer net einfach eis Positioun ze halen, well d Loft huet eis keng Chance gelooss. Am Schilf fest gefaangen bewonneren mir déi schéin Rocky Mountais mat grénger Natur ronderëm. Den Wee zereck war ganz einfach, en klengen Wildlife ass eis och an d’ Aen gesprongen an zwar en risegen Vull, en setzt an sengem Nascht, leider ass en net ze identifizéieren well mir d Elteren net gesinn hunn.
Nodeems eis Tour eriwwer ass, ginn mir nach en Waasserfall kucken deen net ganz heich ass awer ganz wuchteg ass. Dësen Ubléck huet engem gewiesen wéi stark esou en Floss kann ginn an wéi vill deen matrappen kann.