You are currently viewing 4.Stopp – Golden

4.Stopp – Golden

Eisen Dag hunn mer gemitlech ugefangen an dems mer eis fir d”Attraktioun ” vum Duerf entscheed hunn. Mat engem Skilift sinn mer bis op den Bierg gefuer. Do waren mir den Boo besiichen den seit 18Joer do wunnt. Den Boo ass en Baer wou gerett ginn ass, well seng Mam erschoss ginn ass. Kleng Baeren bleiwen bis zu 4 Joer bei hirer Mam an ouni si sinn se verluer…  Aie hunn déi läscht Joeren vill vun him kommten léieren an doduerch konnten se iwwer 30 aaner Bären mat deem Wëssen nees auswilderen.

Och hei um Bierg gëtt et wen mega flotten Bike Park, anwann een gutt Zait huet kann een daat flott kombinéieren!

Mir sinn weider op Golden SkyBridge gefuer, ass een Parkt mat villen Klooter/Adventure Attraktiounen wéi Ziplines, Hochseilgarten etc.Mir sinndéi mega wachleg, 150m laang an 100 m héich Hängebrécken largement duergaangen😅

Duerno sinn mer Richtung Lake Emrald opgebrach. Um Wee dohinn bei Fild gëtt et eng ‘natural Bridge’, eng Plaz vou sech Waasser een Lach duerch een Steen gebuert huet. Leider konnt een nët iwwert déi Bréck laafen….ass wuel och verständlech…

Alleng mam Auto duerch déi Waiten ze fueren ass wirklech cool an impressuonnat,no all Kéier deet sech nees een aaner Panorama op.Hei hunn mer um Wee fir op den Lake Emerald am Yoho NP eenn klengen Stop gemaach fir Fotoen vun der Stroos ze maachen.

Den Lake Emerald ass och wonnerschéin, mat sengen turqouise gréngem Waasen.Dëst ensteet duerch Mineralien déi Waaser ophëllt wann et duerch Rockys leeft, an wann dann Sonn Luucht dropfällt kritt Waasser déi wonnerschéin Faarw. Mir hunn dann awer missten profitéieren fir eng Keier an sou een kaaaaalen Biergséi ze sprangen, well an sou engem schéinen Waaser a Séi mat deem Panorama ass dann awer net alldeeglëg…

Iwwregens hei nach den Highlight vun der Stadt Golden…hier Fougängerbréck…naja Downtown war wirklech kleng aléif mä ët war richteg Liewen owes op der Stroos.

Schreibe einen Kommentar