You are currently viewing Transfert Daag vun Banff op Golden

Transfert Daag vun Banff op Golden

Firfreed fir den Wildlife war grouss, fir Richtung Golden stoung eng extra Strooss um Programm, fir Wildlife ze gesinn. Um Wee fir op Lake Louise ass eis awer opgefall dass mer d Strooss verpasst hunn an soumat och quasi keen Wildlife gesinn hunn. Fir Chancen ze erheigen hunn mir eis awer op fen Wee gemaach fir déi Strooss en Steck zreck ze fueren, den Erfolleg ass ausbliwwen. An Platz vum Wildlife hun mir den längsten Zuch an eisem Lierwen konnten beobachten, deen duerch déi schéinsten Vu gefuer ass.

Bäim Lake Bow konnten mir eid Zeiwen an d ‚Waasser zappen an dat gutt kalt Waasser genéissen. An duerno koum nach en Séi deen eis den Otem geholl huet. Den Lake Py… war deen schéinsten blosten Séi deen mir jeeeeeee gesinn hunn. Den Marc géing Türquisten Séi soen.

Duerno stoung deen lächten Sei um Programm den Lake Louise, do hunn mir gemengt mir missten eisen Tourist raushänkem loossen. Leider ass dësen Deel eng kleng Enttäuschunh wann een den Py… Séi gesinn konnt. Mir hunn den also schnell ofgehackt an esou sinn mer bis op Golden an eis Liege gefuer wou an der Pampa loung. Kurz firunn eiser Ankunft ass anscheinend en Bär gesiicht ginn…mee dei Chance haten mir leider net.

Schreibe einen Kommentar