You are currently viewing 6.Jasper

6.Jasper

Zu Jasper ukomm, hunn mir fir deischt emol gutt gestaunt iwwer dei immens Kulisse wou sech eis gebueden huet. Eng Vue op Bierger…einfach immens.
Well eisen Dag schon esou voll gepaakt war mat lauter scheinen Andreck, sin mir Owes just nach gemitlech iessen gangen. Opfälleg war, dass nach baal iwwerall Kreschtdaagsdeko war.

1.Daag Jasper

Eisen eischten Dag zu Jasper huet mat engem leckeren Frühstück ugefangen. Desen Dag huet eis staunen geloss.

Ugefangen hunn mir mat Rafting um „La Biche River“. Et war ganz flott, mee en bessen soft. D‘Waaser haet keinten en bessen mei well sin. Mee fir esou an d‘Wassersportwelt eranzekommen, perfekt.

Mettes sinn mir eng kleng Wanderung op „5 Lakes“ maachen gangen.

Ennnerwee haten mir eisen Highlight, mir hunn onerwaat eisen eischten Wildlife Bär gesinn. Impressionat! Wann esou en Bär zimlech mo laanscht Strosse get, ensteht ganz schnell mol Stau..,all Mensch well natirlech dat scheint Deier betruechten an knipsen.

Eis Wanderung war mega flott, en Sei mei schein wei den anneren.
Um Wee fir zereck, haten mer nach emol Gleck an hun eisen zweeten Bär gesinn.

Aus Ofschloss vun eisem Dag sin mer Stargazing maachen gangen an der Hoffnung och nach e puer Nordlichter ze gesinn (wou den Dag firdrun do waren).
En Himmel esou kloer an voller Staeren hunn mir nach nii gesinn, all Astronome waer voll an ganz op seng Käschten kommen. Stäerenbiller waren kloer ze erkennen.

2.Daag Jasper

Schreibe einen Kommentar