You are currently viewing 8.Kamloops + Sun Peaks

8.Kamloops + Sun Peaks

1. Daag Kamloops

Mir sinn vum rouegen Valmount weider roof an daat sonnegt a warmt Kamloops gefuer, an der Stadt déindéi meescht Sonnestonnen am BC huet!!!Soot ech schon eppes zu den Superlativen?

Kamloops leit nees schéin un engem Floss mat Séieen. Leider ass et ons sou virkomm wéi an der Wüst, Landschaft war duerch déi vill Sonnestonnen total verdrëschend, 40 Grad ouni vill Loft hunn deen Effekt nëmmen nach bestärkt…Nodeems mir ons een Ausbléck mat engem klengen Trëppeötour vun uerwen op Kamloops verschafft haten, a bei der Hëtzt bal geschmolzt sinn, huet et fir ons geheescht sou schnell wéi méiglech roof an den Park bei déi gréng Long vun der Stadt a bei Waasser an Plagen!

Naja et hat ons wuel een vergies ze soen datt een groussen Deel vum Park ënner Renovatioutiounsarbeschten stoung, an mir net bei Waasser nach bei Beaches komm sinn. Also sinn mer duerno ons an den Hotel bëssi ofkillen an duerno sinn mer Owes nach weider bëssi Streetart kucken gaangen an an den Restaurent.


2.Daag Kamloops/ Sun Peaks

Mir haten also daat béscht vu Kamloops schon den 1.Daag gesinn, an mir hunn fir den 2 Daag no flotten Alternativen gesicht waat een Flottes am Ëmland kann maachen, wéi eng Waindégustatioun, Rafting, op Plage goen, XC Moutainbike oder Enduro Bike … An engem Velosgeschäft hunn se ons erzielt datt sie selwer keng Veloen verleinen géifen, mä souwisou soll een op Sun Peaks fueren!

Also hunn mer daat gemaach, an sinn 40 Min raus/ rop op Sun Peaks gefuer.Dëst ass eng Art Skiduerf no „europäischen“ Model, wéinsie soen.Sierf dann den Marc konnt sech do een coolen Enduro ausleinen, an den Rescht vun der Crew ass zu Heffley Lake rofgefuer fir seng éisch SUP Stonnen ze maachen.

Owes hunn mer nach an deem coolen SunnPeaks zu Owend gies.Sun Peaks war eng grouss positiv Iwwerraschung!


3.Daag: Vun Kamloops op Whistler

Mir hunn vun Kamloops eennklengen Detour gemaach iwwer Liloot fir do bei deen 3. beschten Wënzer aus Kanada:Fort Berens.

Do haten mer eng kleng Degustatioun mat gudden Mëttegiessen an duerno sinn mer ons an een Séi ofkillen gaangen.

Schreibe einen Kommentar