You are currently viewing 9.Whistler

9.Whistler

Haut war en erfollegreichen Dag fir all Mensch, jifereen ass op seng Keeschten komm…an dat voll an ganz!

Den Moien nom leckeren Frühstück sinn mer gestart…d‘Siich no Velo war leider net esou einfach ewei mir eis dat firgestallt hunn…

Den Marc huet seng Siich opginn fir kennen den „Mountainbike-parc“ ze benotzen…mee et ass vill besser komm. An engem Shop (eis lescht Meiglegkeet) haten se nach just 4 Veloen (net onbedengt dei Greissten wou mer gebraucht hunn, mee ok). Also hunn mir dei geholl fir en bessen mei gemitlech (war emol am Ufank gesot ginn) bis bei verschidden Seien ze fueren an eis do en SUP (StandUpPaddel) ze leinen an eng Ronn ze paddelen)

Mir waren knapps 2km gefuer an do huet Lynn opemol geruf „En Bär!“ an tatsächlech war en Bär just um Rand hannert enger Heck…2 Schrett vun eis ewech. Et war baal net ze gleewen mee et war tatsächlech en richtegen Bär! Wow!

Beim Sei ukomm, hunn mer eis op Paddelen geschmass an hun 2 Stonnen um Sei verbruecht.

Durno huet en klengen Honger sech bemierkbar gemaach, also sinn mer weider gefuer bis bei eng Brauerei (do wollten mer eppes geint den Duscht maachen) Gesot, gemaach. Eng super Plaz, wou mer all zefridden waren.

D‘Backen (dei hennescht) schonn am Jelly..,missten erem drun gleewen um Heemwee!

Mat vill Schmerzen hunn mer eis all Bierg erop gekämpft (an et war villl Bierg op). Fir den Marc war dat eng locker Saach, den Alain an Lynn hunn och hir Fähegkeeten enner Beweis gestallt an Dany…naja dat huet sech hannendrun wacker weider geschloen. En grousst Kraez gouf gemaach wou mer ukomm sinn, geschafft!

Bei engem leckeren Owesiessen hunn mir eisen scheinen Dag ofklengen geloss…an elo leien mir all zefridden am Bett an sinn prett fir eis nächst Aventur muer.

Schreibe einen Kommentar