You are currently viewing 10.Vancouver

10.Vancouver

1.Daag Vancouver

Moies no engem schnellen Frühstück sinn mer dunn op dem sea to sky Highway Richtung Vancouver gefuer.

Mir sinn dunn mol een klengen Tour mma Auto duerch Chinatown an Gastown geuer fir ons vun der Laag een Bild ze maachen. Vun onsem Hotel aus sinn mer iwwer Robson street geschlender Richtung Yaletown.Ënnerwee gouf et dei üblech Geschäfter, vill asiatësch Restaurents, well et jo net sou wei bis dohinn ass, een Street Dance Festival an een Protest Camp vun den First Nation Awunner. Dëst wëll den Pobst baal zeitgleich mat lns se g Rees a Kanada geplangt hat.Heibsin virun Jorzéngten First Nations Bewunner an Schoulen/Internaten verschwonnen, schlecht behandelt ginn, chritianiséiert ginn etc…

Am Yaletown hunn mer eppes gies eh mer riwwer mat engem Rivertaxi op Grandville Island gefuer sinn.

Eng Insel mat lauter Marchéen vun Iessen iwwer Spillsaachen bis  Konscht.Villes fënnt een do!Cool!

Duerno sinn mer mam Rivertaxi Richtung English Bay gefuer an bëssi do lanscht Plage getrëppelt eh mer Owes gudden Sushi op deen mer ons laang gefreet hunn iessen woren.

Leider missten mer bëssi mei laang op onsen Dësch wasrden, hei huelen vill Restaurents keng Reservatioun hunn, mä et kann een sech just op eng waiti g List aschreiwen loossen. Duerno wollten Finall vun der Fireworks Festival op English Bay kuclen goen.Mir hunn et dunn zeitlch nët mei ganz gepackt an hunn Freedefeier vun e puer Blocks méi weit ons ugekuckt.Et ass schon cool eng Stadt sou lieweg ze gesinn.Mä deen Moment wossten mer nach net waat ons den nächsten Daag dollt erwaarden!


2.Daag Vancouver

Eisen leschten Dag zu Vancouver war erem top, esou wei all eis Deeg hei am Westen vun Kanada!

Mir waren alt erem eng Keier zur richteger Zeit op der richteger Plaz. Desen Sonndeg ass nämlech Pride-Parade. Dei war elo zanter 3 Joer net mei. Et hat e puer Ähnlechkeeten mat eiser Cavalcade. En Feldzuch an durch Strossen vun Vancouver gangen. Mir waren natirlech an engem Hotel wou Parade direkt virun der Dier laanscht gangen ass.

No der flotter Parade hun mer Ebikes (gratis fir 3Stonnen) am Hotel geleint. Mir sin durch Stroossen gefetzt, durch den Stanleypark an erem zereck. Op den Fotoen e puer Andreck vum Dag den wei emmer gelongen war 🙂

Schreibe einen Kommentar