11. Vancouver island

Den Dag ass komm wou d Weeër sech kuerz trennen, d’Dany an den Marc fueren Richtung Flughafen an fleihen iwwer Zürich zreck op Letzebuerg, an den Alain an d‘ Lynn fueren Richtung Vancouver Island, wou eng Fähr (déi schonn am Viraus gebucht gouf) waart fir si Richtung Naimamo ze brengen.
Vill war schonn zu Vancouver Island ausgebucht, soumat haten mir net vill Choix wat mir maachen wollten, dat huet eis op Cambpell River bruecht.
Zwee Deeg laang bleiwwen mir zu Cambpell River, enger ganz klenger Fescherstiedchen. Vill ze maachen gett et net. Just 1 Highlight steet säit langem fest. Den Alain well onbedéngt um oppenen Mier en Wal gesinn dofir hunn mir schonn virun der Vakanz eng Whalewatching Tour gebucht.

Um eischten Dag nodeems mir mat der Fähr no 2h ukomm sinn hunn mir en klengen Tour duerch den Deer Fall Provincinal Parc gemaach. Hei konnten ural Beem an en Wasserfall eis Haerzer méi heich schloen loossen.
Nach en klengen Wildlife ass eis och an d‘ Aen gesprongen deen mir bis dohinn nach net gesinn haaten: eng Schlang. Eng kleng, mee dass duer gaangen dass d’Lynn e Schratt méi schnell gaangen ass. Et muss een dobäi soen dass d’Schlaang sech och schnell aus dem Stëps gemaach huet wou se d’Lynn gesinn huet.
Och eng Elkcow (Art Hirsch/Elschkou) konnten mir aus dem Auto beobachten,se stoung ganz alleng an net gestresst direkt niewend der Stroos ze graasen. Och wou mir bis laancht waren huet d Hirschkou eis genau sou bloed ugekuckt wéi mir si ugekuckt hunn.

Um 2ten Dag war eng Whalewachting Tour ugesoot, déi nët geschenkt war , mee awer dowert, well mer um oppen Mier d’Waaler mat Würd betruechten konnten. Am BC ginn et streng Oplaagen fir Booter, déi net ze no un d‘ Déieren erun fueren daerfen, fir Déieren net ze stressen an net ze verletzen!
Vill Waler hunn sech gewiesen an si sinn vun sech aus bei eis Boot komm an hunn eis en Whalehug ginn, sou heescht daat wann d‘ Waaler vun sech aus no bei d‘ Boot kommen. Leider sinn Seiroben, Séileiwen ausbliwwen. Och den Orka ass sech net weisen komm, mee dei sinn selten, soot eisen aalen Kapitän Jim.

Victoria
Mir maachen eis op den Wee, Richtung Victoria. Um Wee hunn mir nach en klengen Highlight erausgesicht: Catherdral Grove. Et ass en klengen Treppelwee deen duerch en Rainforest geet an ural Beem weisst déi schonn mindestens 300 Joer um Bockel hunn. D‘ Beem verzauberen eis duerch hier Heicht an hieren Duerchmiesser vun puur Meter.
Zu Victoria ukomm haten mir just nach Zäitiessen ze goen an bessen laancht d Wasser ze treppelen. Um eichten Bleck ass et eng ganz frëndlech Staat, hiert Gemengenhaus ass owes beliicht, daat huet en klengen kitchechen Touch, ass awer schéin unzekucken.iessen ze goen an bessen laancht d Wasser ze treppelen. Um eichten Bleck ass et eng ganz frëndlech Staat, hiert Gemengenhaus ass owes beliicht, daat huet en klengen kitchechen Touch, ass awer schéin unzekucken.

Den Dag drop ginn mir Moies duerch déi verschidden Strossen bäim Wasser an loossen eis vun der Stadt beandrocken an kucken wat mir nach vun Highlights gesinn, duerno geet et richtung Fähr an Flughafen. Wou mir nach eng Nuecht schlofen an dann Moies starten fir heem. Bis geschwënn zu Letzebuerg.

Schreibe einen Kommentar