Moies freih virun all den Razzinger Pilger wollten mer ons Richtung Vatikan maachen fir puer Bléck vun baussen ze geheien oder bis op Sankt Peters Plaz ze kommen…Mä leider ouni dei Hardcore Chreschten, dei schon seit Stonnen ander reih stoungen fir dem Popst nach eng keier “Leb wohl” ze soen.

Mir hunn dunn decidéiert mam hop on, hop off Bus een Tour duerch déi eiweg Stadt ze maachen.
No onsem tierchen mam Bus, sinn mer beim Colosseum rausgeklommen, virun läschterem war eng rieseg laang schlaang, an dunn hunn mer deen Punkt fir haut mol geskipt an mir sinn bei den Mommento a vittorio Emanuelle II kucken gaangen.
Hei huet natirlech keeng klengen Auri Fotoshooting dierfen feelen.
Duerno sinn mer nees duert Stroosen mat klengen Emtour bei Restaurant gelant, an deem engen oder aaneren Geschäft.
