You are currently viewing 7.Vun Jasper op Valmount

7.Vun Jasper op Valmount

Moies voller Elan sinn mer bei den Mount Robson gefuer deen héchsten Bierg vun den Rockys.

Wou mer ukomm sinn kruten mer leider matgedeelt datr den Berg Lake Trail zouwier a sinn am Vistors Centre dunn op puer kleg Attraktioun ëmgeleed ginn.Hei an Kanada ginn se och net zimperlëch mat den Superlativen ëm, a sou sinn mir dann op ons nächst Stationen gefuer, waat léif Waasserfäll waren.Naja vlait waren mer no Jasper och bëssi ofgestumpft waat Schéinheet vun der Natur ugeet.Et ass een all Daag na deenen Nationla Parks nees op neit iwwerrascht ginn, an aus dem Staunen net rauskomm.Dunn konnten dës Statiounen leider net mei ganz mathaalen, awer waren se wëllkomm op onser Rees bis op Valmount.

Den Highligt sollt eng Art Sanddün ginn déi am krassen Kontrast zu den Rockys sollen stoen.Naja am Endeffekt war et een flaache Sandwee duerch een Bësch…Nuje dann geet et weider op Valmount, do ass sëcher méi lass!

Zu Valmount huet den Bär gesteppt.Et war interessant sou een richteg verschloofent Duerf ze erlierwen, Heschäfter déi nëmmen vun 9-17 op hunn oder vun Mëttwochs bis Samstës…Hei ticken Aueren nach anescht.Wëll den Marc keen Velo krit huet an den Alain Duerfbrauerei déi se awer hunn, ausprobéieren wollt, hunn mer deen Nomëtteg bei engem Kaartenspill an enger Béierdégustatioun auskléngen geloss.

Owesnsinn mer dofir nees mat engem exellten Restaurent vetréischt ginn, net wéi wann mer bis elo schlecht gies hätten, dofir suergen schon Dany an den Alain!

Schreibe einen Kommentar