Ons Equipp huet sech vergréissert, an mir hunn den Happy onsen Mupp op senger eischter Rees mat eis derbai. Hien freet sech wei een Hond. Wieder zu Letzebuerg war wirklech een honsdwieder, also gett et Zait fir bessi Sonn ze tanken.

Schlanders

No enger Odysee vun 8 Stonnen sinn mer iwwer den Rechenpass dann endlech zu Schlanders, an engem scheinen leiwen Duerf am Südtirol ukomm. Um Rechenpass hunn mer natirlech een kleng Stopp bei deem berühmten Kierchturm missten maachen. Daat war eng wellkommen Paus fir eis 3.

Am Goldener Löwe konnten mir herrlech gut schlofen an Frühstück war wonnerbar.

Eis eischt Wanderung ass um Gasthos Haslhof lassgangen. Et ass direkt mol 5km steil bierge erop gangen (wat mir jo esou guer net gewinnt sinn). Uewen um Bierg ukomm, huet sech eis eng wonnerschéin Vue iwwer den Winschgau an seng Däller presenteiert…40km weit hunn mir gesinn 🙂

Hei ass meng Lieblingsfoto vun deem Tripp:-)

Leider war den Dag firdrun eng Stenglawine lassgangen an hat den gezeechneten Wee verspaart … dei eischt puer Meter hun mer gut gemeschteer an den Happy huet eis gewiesen wei een am beschten iweer dei Steng kennt. Den Wee ass emmer mei steil an schweier ginn an d’Steng sinn emmer mei wackleg ginn, also wollten mir dLawine en bessen emgoen an sin am Bierg weider erofgangen fir op eng manner steil Plaz ze kommen…wou et faerdeg war houng mer zu 3 op den Steng fest. Dany huet den Happy kurzerhand op den Schouss geholl an ugefangen mat kraischeb…den Helikopzer misst eis elo siichen kommen. Den Marc huet him dunn sachlech erklärt dass dat keng Option ass, den Heli geif nemmen kommen wann een wirklech schweier verletzt waer. Dany huet dun kurz mam Gedanken gespillr den Kappsprong erof an d Steng ze maachen, mee huet desen dann awer verworf. Also hun mer den Happy während enger gudder Stonn vun Schouss zu Schouss gereecht an sinn schlussendlech nach emmer net um richteg Wee gewiergt… Siicht war aussichtslos, no villem geklottters iwwer Steng, stampfen durch Gestrüps, verluerener Motivation an puer weider Treinen huet sech en Sonnenstrahl erbarmt eis den Wee ze weisen andema en op en Wegweiser gewiesen huet. Eis Rettung! Esou sinn mir also no baal 3 Stonnen erem um richteg Wee ukomm.

Den 2ten Dag sinn mer vill mei locker ugangen. Mir sin zu Schlanders selwer en moderaten Tour treppelen gangen (mat Muskelkater vun Dag firsrun en bessen manner moderat ewei geduecht). Mettes sin mer bis op Meran gefuer fir dem Hond eng Sonnencreme ze kafen, net dass hien nach seng Schnuff verbrennen geif. En lockeren Tour durch Meran, laanscht den Floss an erem zereck op Schlanders.

Mir sinn frou souee klengen Fleck Rou an deser hektescher Welt fonnt ze hunn, wou nemmen Ortskunndeger a Kenner dëst klengt Paradies kennen.

Um Wee fir op eisen nächsten Stopp (Ferrara) sinn mer bis op den Lago di Cei gefuer fir mam Happy en Tour treppelen ze gin. Wahrschinlech ass den Lago di Cei kust bekannt bei den Leit wou do wunnen..,et war elo keng besonneg Attraktion.

Ferrara

Eng Stadt mat Geschicht, huelen mer zumindest mol un. Eng grouss Festubgsmauer ass ronderem Stadt gebaut. Owes war vill lass, dei kleng Strossen an Haaptplaz waren gut besiicht. No enger gudder Piadinia vum Croco huet den Happy eis durch Stroossen erem zereck bei eis Schlofplaz bruecht.

Moies sinn mer dann mat Zaiten vun Ferrara fortgefuer fir ons direkt am een laangen Stau ze stellen!Anscheinend ass op deem Weekend sou den ’schwaarzen Weekend“ an Italien. Mir hunn effwktiv bëssi méi laang bis an Apulien gebraucht. Mir hunn natirlech puer Pausennfir den Happy ageluecht, an gemierkt datt ët ëmmer mei waarm gëtt. Brennend warm war et effektiv och op ve pier Plazen ëmt Autobunn wou mir Feier konnten gesinn.

Rees op St.Maria di Leuca

Owes speit géint halwer 10 sinn mer beim Vero, Denis, Pascuale, Christina an Alessandro ukomm.Dem Denis sain Papp hat een lecken Risotto fir ons all gekacht!🤤 Duerno kruten mer ons Appart, waat sech eichter als Haus raustellen sollt, gewissen. Mega!

3. St. Maria di Leuca an Castrignano

Am nächsten Video gesait een wei mer bëssi Schnochelen waaren an dann bis a puer Grotten rageschwommen sinn. Do sinn Séißwaasserquellen déi Mierwaasser ëmt puer Grad op deenen Plazen ofkillen, waat een wirklech déi Deeg doëenen gutt verdroen konnt.

Och mam Denis sengem Boot sinn mer iwwert Weltmier geschippert:

4. Statioun Reggiolo/ Salò

Noddems mer decidéiert hunn Heemrees unzetrieden, och wëll et wirklech warm fir den Mupp war, hunn mer een Zwëschenstopp zu Reggiolo ageplangt.

Mir sinn dunn Sonndes op Maria Himmelfahrt richtung Reggiolo gefuer, während dems den Rescht vun der italienëscher Populatioun am Restaurent mat der Famill soutz.Heescht mir haten Autostrada quasi fir ons an hunn et gepackt fir eischt dës Vakanz Zait vum Navi locker ze packen🤪

Mir hunn och do nees een mega schéinen Hotel fonnt fir een wirklech méi wéi fairen Prais. Bon den Prais huet sech wuel doduerch erklärt datt mer an enger klenger Stadt, Duerf gelandt sinn.Weinst dem Feierdaag a wëll Méindes wéineg Leit do schaffen, war et fir ons all Owend een Riesenchallenge eppes ze iessen ze fannen, woubei mer och op Hëllef vun den Awunner ugewissen waren…eng Keier gouf et nach Pizza, deen Daag duerno en Croissant🥐

Salò

Rëckrees vun Regiollo op Letzebuerg

Opwue den marc den Ufank wéi ëmmer sain aalbekannten wee duerch Eisterreich an Daitschland wollt zröckfueren, huet Dany an Goolge maps mat den Fuerzaiten hien dunn awer emdécideiert. Duerch Schweiz ass weinst der Verkéeiressituatioun dann awer baal 4 Stonnen mei schnell gaangen. Mir sinn zwar nëmmen duerch Schweiz duerchgefuer, an awer kann een erahnen datt et do wonnerschein Plazen ginn, wei z.B Autobunnan Raststett…nuje. Ass dann fir eng aaner Keier.