Intro: Mir hunn eis missen direkt dorunner gewinnen datt d l Kichen am Westen vun Kanada an deenen meeschten Restaurants wou mir waren geint 21 zou maachen. Des Weideren konnt een an den Restaurants net reserveiren mee just op der Place op eng Waiting liste gesaat ginn (bäschtenfalls eng Kanadech Nummer hunn). Dann kruut een eng Sms wann en Desch fräi war an sollt bannen 10 min do sinn. Bei aaneren huet een missen virun der Dier warden bis eppes frai war.
Mir hunn eis oft geint 8 Auer op den Wee gemaach an konnten eis geint 8.30 an engem Restaurant erreicht nidderloossen, soumat war oft keng Zäit fir en Dessert ze bestellen. Oder um Heemwee nach en klengen Dessert ze genéissen war ni meiglech well alles dann schonn zou hat. Schued well en Beaverteal ass en MUST, deen mir awer net schmaachen konnten. Am beschten no engem méi liichten lessen ze genéissen.

  • Calgary:
    Lass geet et mat engem Land, daat wäit entfernt vun Kanada leit.
    Den äthiopeschen Restaurant Habesha haat baussen en rustikalen Flair an Richtung Imbiss. Um Nopeschdesch stung een groussen ronnen Plateau,vollgeluecht mat interessanten an vir eis neienartegen
    Spezialiseiten. Et huet net Iaang gedauert an zack haaten mir den selweschten op eisem Desch stoen. Et ass alles mat der Hand giess ginn, Sief et ageluechten Poulet, liicht schaarft Schoofsfleesch an och Rand dobäi net ze vergiessen verschidden Arten vun Gemeis. Alles luch op engem Buedem enger Art afrikaneschen Fladenbroud, ech denken dem Injera, waat d l Konsistentz vun engem Ieftegen Panesch aus Vollkornmiel huet. Dest Broud huet gehollef daat ganzt mat der Hand opzehiewen an an den Mond ze brengen. Duerch dei vill Gewierzer dei benotzt ginn, si vill verschiddenen
    Geschmaachsexplosiounen am Mond entstaanen.
    Banff: Nourish Bistro
    Zu Banff hunn mer eis spontan vir een Lokal entscheed wou mer nach eng Plaatz kruuten. Eis war virun der Entscheedung net bewosst datt et een vegetareschen / veganen Burgerrestaurant war.
    Den Honger war do an dat net ze knapps, wéi soen mir émmer d Aan waren méi grouss wéi den Mo, dofir hunn mir eis eng Portioun iwwerbacken Nachos bestallt fir ze deelen, des waren ganz gutt an mat allem beluecht. Dofir haten se och en stolzen Präis vun 24 Dollar.
    Ech haat en säftegen an wirzegen
    Kimchiburger. Och déi aaner Burgeren waren all richteg gutt. An mir waren frou zoufälleg op dösen Restaurant gestouss ze sinn.
    Golden : Wolf’s Den
    Bei 35 Grad setzen mer op enger rustikaler iwwerdaachter Terass wou et verschidden Burger ginn, souwei main Choice, d Bisonls Ribs. Dei waren sou zart an sâfteg datt se op der Zong zergaang sinn. Dobei een gudden lokalen Beier vun der Zaapanlag. Och als net groussen Fleeschiessert, fennt een emmer eppes, sou hat Dany en Veggi Burger deen richteg gutt war an all Geschmaâcker getraff hat. Gemittlech op enger Terass ze iessen ass ëmmer een Choix deen een fir sech treffen muss. Well alleng bâi Summerlechen Temperaturen ass een op sou enger Platz, mee grouss Moskitoen begleeden een an setzen sech gâr mol bâi een. En Mostikenspray ass hei net schlecht an enger Fraenposch.
  • Jasper : Kimchi
    Zu Jasper haaten mir puur manner gudd
    Erfahrungen mat Restauranten, mee dunn sinn mir op den Kimchi gestouss. Klengen Restaurant, wou d l koreanesch lessen eis iwwerzeegt huet!
    Valemount: Beertasting
    Well mer zu Valemount en Métten nöt vill konnten maan, well et eng verschloofen Dierfchen ass, hunn mer bei enger klenger Mikrobrauerei op der Terass puur Beier an Form vun Beerflights geschmaacht. Dei waren ganz vielseiteg vun IPA bis donkelen Beier.
    Kamloops: Gintasting
    En Restaurant deen sou vill Ginl en zur Auswal huet dass een sech net entscheeden konnt, den Restaurant huet awer eng gutt Leisung gehat. GinFIight war d Leisung; sich dir en Tonic an 4 Ginl en raus an lass et geet. Lecker Ginnen hunn mir kennengeleiert souguer no gesicht fir déi irgendswou kafen ze kennen. Bis elo erfolglos.
    Och d lessen konnt iwwerzeegen, et war esou gutt, dass mir deen Dag drop eisen Frühstück do zou eis geholl hunn.
    Egg Benedikt stoung bäi eis um Programm, wat hei als Art Traditiounsiessen gällt. Mee hier Traditiounsiessen setzen sech aus all den aaneren Länner zesummen.
    Um Wee vun Kamloops op Whisler hunn mer en Zweschenstopp bei engem Wenzer gema, dem Fort Berens, deen an der Pampa an engem Duerf luch. Et war deen eenzegen Wenzer mind. 50 km an all Himmelsrichtung. En haat och just puur Wengerten ronderem sech stoen.
    Mir hunn Wainer vun Riesling iwwert Pinot Gris op Pinot Noir geschmaacht. Et war keen dobei deen mer derwärt fonnt hätten vir ze kaafen mee bei 36 Grad waren se gudd ze drenken.
    Whisler: Beertasting whisler brewery
    Den Tour mam Velo huet eis an eng Brauerei bruecht déi richteg Authentesch an lokal war. Eng emgebauten Garage mat richteg coolem
    Flair. En Beerflight, vun Lager op een rouden Friichten Sour op en donkelen Beier, stoung um Programm, an fir d Fraen war och eppes dobäi en healthy Kambucha, esou gesond hunn mir eis schonn Iaang net méi domat gefillt.
    Vancouver: Miko sushi
    Großstadtflair, vill Restol en an ganz vill
    Auswahl, ganz Vakanz stoung Sushi um Programm an endlech….. Vancouver war d‘ Platz. All Sushi Platzen goufen iwwer
    Tripadvisor gecheckt an gekuckt wéi een mir huelen sollen. D Auswahl war schweier well een net reservéieren konnten. Den Choix ass dunn relativ einfach gefall vis ä vis vum hotel ganz einfach an gutt besichten Sushi Restaurant. Mir hunn immens gutt gies an
    waren all frou mam Choix, zumols well en Maki Roll huet just 5 Dollar kascht.

Alans Foodcorner;

Campell River; Quay West Kitchen & Catering

 

 

D‘ Fëscherstiedchen huet net ganz vill Restauranten an séier huet een raus fonnt wou een en besseren Maufel iessen kann. Leider sinn d Restauranten och net emmer op an wann se op sinn sinn se och net laang op!

Mir konnten awer um 2ten Owend en gudden Feschteller mat Nudelen geneissen. Alles ganz fresch an extrem lecker.

Als Entree huet den Alain sech och Austeren gegönnt, sou grouss Austerenfleesch hat hien bis dohinn nach ni gesinn.

 

Victoria; Nubo Kitchen Bar

Zu Victoria iessen goen war en einfacht Spill, vum Hotel kruten mir vill Restaurant’en fir geschlo, aus deenen verschiddensten Kategorien. Eis eenzeg Konditioun war Fesch, also ass eis Auswahl op en japaneschen Sushi Restaurant gefall, well dei aaner Frittenbuuden oder Upperclass waren. An hei konnten mer dei eischten Keier an Kanada och een Dësch reserveiren.

Vill verschidden Zorten Sushi stoungen zur Auswahl, vill Thon an Saumon gouf bestallt, en Highlight am Restaurant war déi flambéiert Varianten déi krut een um Desch fresch mam Bunsenbrenner flambéiert (bessen Reis huet duerno liicht verkohlt geschmacht) awer en war nach emmer gutt.

Preislech war en net geschenkt, fir Dessert war alt erëm keng Platz méi am Bauch.

Den Restaurant ass awer wirklech ze rekommandéieren.

Schreibe einen Kommentar